Patrona Patriae

Description

Patrona Patriae

2024 feiert d’Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg e wichtege Jubiläum: De 400. Anniversaire vun der Muttergottesoktav. Beluecht zënter 1624, wor a bleift de Kult vun der Consolatrix Afflictorum, der Tréischterin am Leed, déif verwuerzelt an engem national kollektive Gediechtnes; an dëst bis an eis rezent Vergaangenheet. Ma déi sëllege chronologesch Eckpunkte vun der Lëtzebuerger Marieveréierung – 1626, 1666, 1678, 1781, 1866, 1966, 1978 an zulescht 2016 – waren och ëmmer nees Ulass fir textuell Produktiounen.


Gären iwwersi vun der lëtzebuergescher Geschichtsschreiwung, bleiwen déi sougenannte Wallfaartsbicher eng zentral Source fir jiddwereen, deen sech mat der fréineizäitlecher, ma awer och mat der moderner Geschicht vu Lëtzebuerg ausenanersetze well.


Se sinn, sou den Ausgangspunkt vun dësem Virtrag, déi fir Lëtzebuerg am kontinuéierlechst éditéiert Texter. Ugefaange mat de Mirakelbicher aus den 1640er Joren a bis an dat spéit 19. Joerhonnert eran, proposéiert Iech den Tom Zago, Mataarbechter vun der BnL, de Consolatrix-Kult vun engem méi ongewinnte Bléckwénkel ze reflektéieren: dee vu senger Drockgeschicht. Eng typografesch komplex Situatioun an där sech dach ee kontinuéierleche Gedankegang manifestéiert, wäert dëse Virtrag sech virop mat den eenzelnen Editioune vun den Histoires de Notre-Dame ausenanersetzen an domadder en Zougang zu engem wichtegen Deel vum gedréckten Ierwen zu Lëtzebuerg offréieren.

Tickets

Umeldung
Free

Organiser

You’re organising this event?

Contact us if you want to update information and more.

Contact us

1 Picture

Suggested events

DESSINONS UNE HISTOIRE ! 14.07.2024 | 10:00 – 11:00 | LU 21.07.2024 | 10:00 – 11:00 | FR 28.07.2024 | 10:00 – 11:00 | EN 18.08.2024 | 10:00 – 11:00 | LU 25.08.2024 | 10:00 – 11:00 | FR 08.09.2024 | 10:00 – 11:00 | EN Atelier pour enfants de 4-6 ans En luxembourgeois Gratuit Sur réservation uniquement : mudam.com/rsvp-mudamini-workshops [https://www.mudam.com/rsvp-mudamini-workshops] t +352 453785-531 Une nouvelle activité attend nos petits Mudaminis : à partir d’une petite histoire, nous allons vivre une expérience unique et créer un grand dessin collectif. Venez nous rejoindre pour un moment de joie et de couleur !